Jugend am Verband 

🐴FEIF Youth Cup 2026🐴



De Verband vun den Islandpäerd Lëtzebuerg ass immens houfreg, eis talentéiert jonk Reiderin Noé Wadlé fir den FEIF Youth Cup 2026 virzestellen.


Zesumme mat hirem Hengscht Jafet frá Stóra-Hofi wäert si eise Verband an eist Land zu Rieden vertrieden. Déi zwee hunn hiert grousst Talent schonn op verschiddenen Turnéieren an Däitschland bewisen an sech géint staark Konkurrenz a grousse Startfelder behaapt.


Hannert all Erfolleg steet e staarkt Team. Noé a Jafet ginn op dëser grousser Aventure vun eiser Sportwartin Valérie Delvaux als Country Leader begleet an ënnerstëtzt.


E ganz grousse Merci geet och un Eiswaldsport, déi d’Team Lëtzebuerg mat de passenden Kleeder equipéiert hunn.


Mir si stolz op eis Vertrieder a wënschen der Noé, dem Jafet an dem ganze Team eng onvergiesslech Zäit, vill flott Erfarungen a virun allem ganz vill Erfolleg beim FEIF Youth Cup 2026! 🍀🐴


Allez Team Lëtzebuerg! 💙❤️🤍

Feif Youth Cup Country Leader – Mir sichen dech! 

Ee Pack voll mat Léift.

An deene leschten Deeg si Päck un eis Kanner & Jugendlecher raus gaangen. 

Des Iddi koum vun eisem Jugendwart dem Tanja Raach-Dohm a Zesummenaarbecht mam Carole Schmit. 

De 24 Januar 2026 fënnt dann dat éischt Kanner & Jugendtreffen zu Schraasseg statt. 

Mir si gespaant op Zukunft. 

WM 2025 Schwäiz

De Verband vun den Islandpäerd Lëtzebuerg gratuléiert dem Amélie Ribeiro haerzleschst fir säi gudde Rett op der WM 2025 an der Schwäiz.
 Amélie a de Snæþór frá Enni sinn an der T2 a engem ganz staarken internationalen Feld mat 6,37 Punkten op Platz 33 komm vu 46 Starter. Mir wënschen dem Amélie weiderhi fir Zukunft vill Erfolleg mat sengem Päerd. 
A si gespaant wat Zukunft nach wäert bréngen bei dëser nach jonker Reider/Päerd Kombinatioun.

FEIF Youth Camp 2025

   Du wëlls deel huelen um FEIF Youth Camp 2025 a Island, da klick hei drënner op Invitatioun do fënns du all Informatiounen. 

FEIF Youth Cup 2024

Team  Lëtzebuerg 



Amélie Ribeiro mam Etna frá Steinnesi
Zoé Thielen mam Kappi frá Kambi
Linda Pletschette mam Dagfari frá Eyvindarmúla

Team Lëtzebuerg huet de 07. Juli um Qualidag ee flotte Stand mat selwergemaachten flotte Saachen, mat all Kaf ënnerstëtzt Dir déi dräi. 

FEIF Youth Country of the Year Award for 2023


 The FEIF Youth Country of the Year Award for 2023 went to Luxembourg. A small country by most measures, the national association for Luxembourg nevertheless managed to create a good range of inclusive, creative and imaginative activities for their children and teenage rider members over the year. Who would not like to join in a two-day event for children which included games, craft activities, making their own book and 2 riding lessons per day? Or a village fete, showcasing the Icelandic horse? Or a high-class photoshoot of up and coming (very) young stars with their horses? But that is not all. Teenage riders are given increasing possibilities to enter competitions at home and in neighbouring countries. At this speed of development, and with clear goals in mind, this group might well becoe a force to recon with. Congratulations to the Youthwork team of Luxembourg, and to all young participants. A copy of all reports submitted to the FEIF Youthwork Committee will be on feif.org very soon. 


 Youth Masters 28. bis den 31 Juli an Holland